Franséisch Kichen am Häerz vu Clierf

De Restaurant „La Table de Clervaux“ ass e beléifte kulinareschen Treffpunkt a bitt lëtzebuergesch Spezialitéiten aus regionale Produkter un.

Clervaux
Är Adress am Zentrum vu Clierf

Häerzlech Wëllkomm, sidd eise Gaascht!

De Restaurant „La Table de Clervaux“ ass e beléifte kulinareschen Treffpunkt, an dat net nëmme fir d‘Hotelgäscht. Déi waarm a frëndlech Atmosphär vum eréischt kierzlech renovéierte Restaurant luet d’Gäscht fir ze bleiwen an. E Besuch an eiser Hotelbar ronnt den Owend harmonesch of. Gäre kënnt Dir eise Restaurant och fir Är Feierlechkeete buchen; op Wonsch och ganz exklusiv! Mir hëllefen Iech gär weider.

Albekanntes behalen an nei Reizer schafen
Laurent Kichechef
Clervaux
Clervaux

Kulinaresche Genoss an enger moderner, gemittlecher Ambiance. Mir bidden net nëmme buedemstänneg, lëtzebuergesch Platen un, mee och international Molzechten a raffinéiert Gourmangzegkeeten. Entdeckt och eis ëmfangräich Wäikaart mat enger Auswiel un nationalen an internationale Wäiner.

Regional Partneren

Sou schmaacht Lëtzebuerg - Home
Sou schmaacht Lëtzebuerg

Tipptopp Qualitéit esou no! Mir notzen d‘Virzich vu regional produzéierte Liewensmëttel esouwéi d‘Villfalt vun der eenheemescher landwirtschaftlecher Produktioun. Vum Haff op den Teller, ëmweltschounend an transparent!

Hausgemaach - Home
Hausgemaach

Label

Um Knapphaff - Home
Um Knapphaff

Nieft senger Aktivitéit als pädagogesche Bauerenhaff fir Kanner, ziicht a verdreift de Knapphaff och Bio-Champignonen.

Grëmmlichter Geessenhaff - Home
Grëmmlichter Geessenhaff

D‘Geessemëllech vum Grëmmlichter Geessenhaff gëtt direkt um Haff zu Kéis verschafft an un eis geliwwert, frësch op den Dësch!

Meyrishaff - Home
Meyrishaff

Eist Gefligel kréie mir vum Meyrishaff vu Baastenduerf. Nieft Fräilandhénger ginn et do och Angus Ranner esouwéi Schof.

Luxlait - Home
Luxlait

Fir eis Plate benotze mir déi héichwäerteg Mëllech esouwéi Mëllechprodukter vum gréisste Molkereibetrib zu Lëtzebuerg.

Brasserie Simon - Home
Brasserie Simon

Mir bidden eise Gäscht verschidde Béierzorte vun der lëtzebuergescher Brauerei Simon un. Vum Pils bis bei den ausgefalene Spezialbéier ass fir all Goût eppes dobäi.

Domaine Mathis Bastian - Home
Domaine Mathis Bastian

Genéisst d’Wäiner vum lëtzebuergeschen Domaine viticole Mathis Bastian. D‘Qualitéit berout op der Harmonie tëschent Mënsch an Natur, tëschent Riefzort an Ubaugebitt, tëschent regionalen Traditiounen an dem Fachwësse vum Wënzer.

L & R Kox - Home
L & R Kox

D‘Familljen-Wënzerei Domaine viticole Laurent & Rita Kox vu Réimech beliwwert eis mat exklusiven an exzellente Wäiner a Crémanten.

Max Lahr et Fils - Home
Max Lahr et Fils

Mir bidden eise Gäscht klassesch lëtzebuergesch Wäiner an Uebstdrëppen aus eegener Hierstellung vu Max-Lahr un. Den Domaine läit am klenge Muselduerf Ohn a stellt éierlech Wäiner hir, mat Charakter a Potenzial.

Bernard Massard - Home
Bernard Massard

Genéisst den traditionelle lëtzebuergesche Crémant vu Bernard-Massard an eisem Restaurant. Zu Gréiwemaacher, um Bord vun der Musel, ass d‘Traditioun vum Haus Bernard-Massard entstanen a gëtt bis haut do gefleegt.

Opyos - Home
Opyos

Lëtzebuergesche GIN

Distillerie Diedenacker - Home
Distillerie Diedenacker

-

Lounge 352 - Home

Lounge 352

Wir haben unser Restaurant "La Table de Clervaux erweitert mit der Lounge 352.

Öffnungszeiten der Lounge 352

Öffnungszeiten der Lounge 352

-

Öffnungszeiten vun eiser Lounge 352

  • Meindes          17.00 - 23.00
  • Denstes          17.00 - 23.00
  • Mettwoch        Roudaag
  • Donneschteg  17.00 - 23.00
  • Freideg           16.00 - 00.00
  • Samsteg         16.00 - 00.00
  • Sonndeg         11.30 - 23.00

(zweschen 19.00 & 21.00 gin keng Cocktailer serviert)

Sall Niveno - Home

Sall Niveno

Dir hutt eppes ze feieren? Da sidd Dir bei eis genee richteg! Ob Familljefeier, Gebuertsdags- oder Betribsfest, mir hunn de perfekte Sall dofir an hëllefen Iech immens gär beim Plangen, bei der Organisatioun an natierlech bei der Duerchféierung vun Ärem Evenement.

Genéisst Är Feierlechkeete ganz entspaant, well mir féieren alles no Äre Virstellungen a Wënsch aus. Mir bidden Iech déi passend Platen a Gedrénks un a betreien Iech vum Ufank bis zum Enn.

Theemenowender - Home

Theemenowender

Dee kierzlech renovéierte Sall Niveno erstraalt an neiem Glanz, bis zu 120 Persoune fanne bei eis Plaz.

Déi gemittlech Ambiance invitéiert all d‘Gäscht fir nach e bëssen ze bleiwen an ze feieren. Mellt Iech gär fir ee vun eise reegelméisseg organiséierte Theemenowender un!

Events 2024

15.11.2024
Tribute to ABBA

6.12.2024
Tribute to ELVIS by Steven Pitman